Shirtshop Promo

July 3rd, 2008 by Administrator

Ween bis zum 17. Juli an mengem T-Shirt Shop bestellt an beim Checkout den Promocode SOMMERSONNEPORTOFREI benotzt, kritt seng Bestellung portofrei zougescheckt!

Ech hun den Shop dei lescht Zäit bessi vernooléissegt an et gin och keng wierklech nei Produiten am Shop. Ech kucken fiir vlait na deen een oder aaneren neien T-Shirt an der Periode bis zum 17ten dranzesetzen. Mee och dei aal Produkter sin jo awer na emmer cool ;)

Amsterdam | Lloret de Mar 08

July 3rd, 2008 by Administrator

D’ass eng Zaitchen hier dass ech fiir d’lëscht hei geschriwwen haat, mee d’Motivatioun vill fiirum Computer ze hänken woor dei lescht Zait bei deem Wierder net wierklech gin ;)

Hun also vill ze zielen an leen mol direkt na lass mat engem klengen Reesbericht vun Amsterdam.

Amsterdam woor flott. D’ass eng interessant Staadt - zimlech aanescht ewei dei typësch Groussstiedt. Et kann een wierklech gutt shoppen, trëppelen, drenken an iessen. Ma haaten och mei oder manner Chance mam Wierder - wierklech gereent huet et just wei ma um Heemfueren wooren.
Ma wooren och een Sexmuseum kucken - witzëg waat een alles sou fiir 3€ Entrée kann gebueden kreien.
Leider woor den Akku vun mengem Fotoapparat séier eidel an dann ass och na main Chargeur futti gaang, sou dass ech leider net vill Fotoën vun Amsterdam konnt maan :( Aus dem selwechten Grond iwweregens gin et dëst Joër vun mier selwer keng Fotoën aus Lloret, ech wäert awer en puer Fotoën vun aaneren Léit zesummen sammelen.
D’Fotoën vun Amsterdam wäerten dann och iirgendwann hei optauchen :)

Dank menger net wierklech fiirhandener Motivatioun um PC ze hocken gouf et dëst Joër och keen wierklechen Lloret de Mar 2008 Report an Forum vun deeglechen Posts. Dofiir well ech an dësem Posting einfach daat wichtëgst zesummenfaassen:

- Ma haaten dei ganzen Zaiten genialt Wierder!
- Et gouf eng Keier Reen - an der Nuecht, sou wei 2007 (siehe 2007er Report) awer mat Blëtz an Donner. Woor iirgendwei cool.
- Ech sin net wierklech brong gin trotz stänneg an der Sonn hänken.
- Mer wooren een Daag am WaterWorld an et woor genial.
- Ech woor een Owend zimlech voll an hun souguer op d’Sarah gekatzt :D
- Ech sin beim Schwammen mam Kapp an d’Mauer gerannt an hun lo Schreibsen op der Stier.
- Ma konnten eng Demonstratioun vun Hotelaarbechter dei mei Paye wellen beobachten.
- “Ech hun AC/DC live gesinn” woor een vun mengen am meeschten gebrauchten Sätz.
- Et kennt eng nei McDonalds Filliale op Lloret.
- Hula-Hula ass na emmer cool.
- Terrasse vum St.Trop och.
- D’Lisa huet schéin Lëpsen

Fotoën vun Lloret wäerten dann och lo iirgendwann nokommen.

Sicho goes Holland!

May 31st, 2008 by Administrator

Vum 4ten bis den 6ten Juni wäert ech mech an Holland ophaalen. Ech fueren mam Joëlle op Amsterdam an och eng Keier kuerz op Rotterdam. Hatt muss dohin fiir fiirsangen ze goën an vue dass et net alleng dohin well, gin ech alt mat.

Daat gett secher mega witzëg an ech wäert versichen eng Rëtsch Fotoën ze maan an dei duerno hei zuer Schau ze stellen ;)

Fotoën vum Grilldaag

May 5th, 2008 by Administrator

Riets bei den Fotogallerien fannt der elo Fotoën vum Barbecue Bash bei mier doheem, deen den 3ten Mee stattfonnt huet.

Vill Spaass beim kucken :)

LRB Overdrive - Out of the Crowd Festival Special

April 7th, 2008 by Administrator

Out of the Crowd

userrankings.com féiert seng 5 Joër

April 3rd, 2008 by Administrator

userrankings.com, deen Site fiir deen ech Videospill-Reviews schreiwen an och an aaneren Beräicher täteg sin, féiert sain 5ten Gebuertsdaag.

An deen flotten Jubiläum féieren mier mat engem megafetten Gewënnspill. Ween matmaachen well, soll einfach mol deen heiten Link uklicken

:)

Et ass Mëttwoch haut …

April 2nd, 2008 by Administrator

… waat bedéit dass ech den Owend rem On Air sin mat LRB Overdrive, also schalt alleguerten brav an ;)

Muer gin ech iwweregens mam Georges op den Olli Schulz Konzert op Tréier - daat gett cool :)

Gran Canaria Fotoën

March 23rd, 2008 by Administrator

Sou, den Rescht vun den Gran Canaria Fotoën ass elo och online - einfach riets am Menü op d’Gallerie klicken :)

Gran Canaria 08 - Dei éischt Fotoën

March 18th, 2008 by Administrator

Leider ass eis Gran Canaria Vakanz sait den Samsten eriwwer. Mee dei éischt Fotoën vun eiser Rees fannt der elo rietss an der Gran Canaria Fotogallerie (oder klickt einfach heihin)

Vill Spaass beim kucken :)

Alles hat ein Ende, nur die Wurst hat zwei …

March 15th, 2008 by Administrator

Hey hey,

lo setzen ech hei an der Hotellobby an waarden op den Bustransfer op den Flughafen, deen an ca. enger Stonn kennt. Eis Vakanz zu Gran Canaria geet sengem Enn zou. Dei lescht Deeg hun ech mech hei net gemellt, sou dass ech lo na dei vergaangen Deeg hei Revue passeieren loossen.

An mengem leschten Posting hun ech eisen Inseltrip ugekennegt. Owes woor ech awer fiir d’eischt nach mam Ambrus am Karaoke, wou hien “What’s my age again” vun Blink 182 gesongen huet an ech “The Bad Touch” vun der Bloodhound Gang.
Moies em 7 Auer huet dann och den Wecker geschellt an em 8:40 ass eisen Trip an d’Bierger lassgaang. Um hechsten Punkt vun eisem Ausfluch wooren mer op 1800m Heicht, waat natierlech och zu enger wonnerbaarer Aussiicht gefouert huet. Iwwerhaapt woor et abseits vun deem ganzen Touristentrubel zimlech schein.

Mer hun och den “klengen” Vulkankrater (300m Duerchmiesser) an deen groussen Vulkankrater (1km Duerchmiesser) bewonnert.
Insgesamt huet deen Trip duerch d’Landschaft bis no 17 Auer gedauert - mer wooren also den ganzen Daag ennerwee. Mer hun awer och puer wierklech, wierklech flott Plaatzen an Landschaften gesinn :) Eng Reifenpanne haaten mer iwweregens och nach.

Zreck am Hotel dun gouf na en bessi gefaulenzt, an dann sin mer ab an d’Irish Tavern bzw. daat dozougeheierend Karaoke-Zelt geduest. Mier hun souguer gesongen ;) Den Block huet sech un “All the small things” vun Blink 182 probeiert, waehrend ech - alt erem eng Keier - “The Bad Touch” vun der Bloodhound Gang gesongen hun. Natierlech mat genuch Beier als Support ;) Den Block huet och nach “Rollin” vun Limp Bizkit gesongen an ech dem Nena sain “99 Luftballons”. Nodeem den Karaoke zougemeet haat wooren ma na bei d’Ministry of Sound eran.
Iirgendwann wooren mer dun och pennen.

Den Daag drop woor dun faulenzen ugesoot. Laang schloofen, dann laang beim Pool luemmelen, dann iessen, dann Plage, dann nees Hotel, dun Hard Rock Cafe (gutt nammen :) ) an dun pennen.

Jo an lo den Moien sin mer mat Zaiten opgestaan, hun alles faerdeg gemaa, agepaak, ausgecheckt, na eppes un der Poolbar gedronk, beim Chinese eppes g’iess an waarden eben lo op eisen Bus bei den Flughafen. Wann alles glaat geet missten mer den Owend geint 23 Auer Letzeboier Zait um Findel landen.

Et woor wierklech eng cool Vakanz, mat vill Oofwiesselung, genuch Aktiviteiten an awer och Entspaanen. Heiansdo unstrengend, heiansdo witzeg, heiansdo ganz relax - et woor derwaert :)

Dier kennt aerch alt schon op een ganzen Koup Fotoen an och op Videomaterial freen!

Bis dann rem zu Letzebuerg! Sicho, out!